Den LDB (Luxembourg Dairy Board) ass eng Interessengemeinschaft, déi sech aus Lëtzebuerger Mëllech-Baueren zesummesetzt. Eist Haaptzil ass et: sech fir een besseren Mëllechpräis asetzen!

Wat bitt den LDB mir?

-mir veranstalten reegelméisseg Versammlungen fir all eis Memberen, hei kennt dir är Uleies un eis riichten an     dir kritt d`Méiglechkeet Iech mat aneren Mëllechbaueren auszetauschen. Dozou gëtt et och een Patt souwéi eng   Klengegkeet ze iessen.

-mir verschécken reegelméisseg gratis BDM-Zäitschrëften fir all eis Memberen (BDM: déi däitsch Komponent   vum EMB). An dëser Zeitung stinn Aktualitéiten zu Präisser, Meenungen an kommend  Ännerungen am   Mëllechsecteur.

-och eis Käschtestudie, déi mir all puer Joren néi an Optrag ginn, kritt dir geschéckt

-dir kritt per Email reegelméisseg Neierungen an eis Fortschrëtt matgedeelt

Gidd och dir Member an hëlleft eis sech fir een besseren, méi fairen Mëllechpräis anzesetzen!

 

Mëllt Iech ënnert der Nummer: 621460301 oder per Mail un: vaessenconny@gmail.com