Eisen Comité besteet aktuell aus 7 engagéierten Mëllechbaueren, déi sech reegelméisseg zesummesetzen fir iwwert déi verschiddenst Themen aus dem Mëllechsekteur ze diskutéieren. Sie sollen dobäi stellvertriedend d`Usiichten an d`Meenungen vun allen LDB-Memberen duerstellen, d.h. bei hinnen stousst Dir ëmmer op oppen Oueren, wann Dir eppes zu hirer Aarbecht bäidroen wëllt.
Mir freeën eis och zwee néi Comitésmemberen, säit Ufank dësem Joer 2022, virzestellen ze duerfen: den Meyers Guy an den Hemmer Georges.